... un all déi Leit déi mech ënnerstëtzt hunn!

Elleng wier et fir mech ni méiglech gewiescht, mäin eegene Kaffi ze réischteren an en och ze verkafen dofir well ech un dëser Plaz jidderengem Merci soen, dee mech bis elo ënnerstëtzt huet! 

  • Merci u Moulin Dieschbourg! Duerch iech sinn ech zur Kaffistut ginn an hunn dierfen déi éischt Kéier op engem grousse Réischterer Kaffi réischteren.
  • Merci u Knopes Torréfaction an der Staat! Dir hutt mir fir 6 Méint ee Job ginn a mir alles iwwer Espresso, Latté Art a gudde Kaffi bäibruecht! Duerch iech konnt ech vill immens gutt Kaffie schmaachen!
  • Merci u Babbo Café, dass du mir verschidden administrativ Demarchen erkläert hues!
  • Merci u Mondo del Caffè, dass dir mech vun Ufank un ënnerstëtzt hutt, mir gréng Kaffisboune verkaf hutt a mir villes erkläert hutt!
  • Merci un Café Loren, dass ech mäi Kaffi bei dir réischteren dierf!
  • Merci un d’Elina (meng Frëndin) dat mech bei all mengen “Schnapsiddien” ënnerstëtzt! Ouni dech u menger Säit wier dat hei nimools méiglech gewiescht! Ech si frou mat dir!
  • Merci un all meng Frënn, déi meng Versuchskanéngercher ware fir mäi Kaffi.
    • Merci Magali a Chris
    • Merci Chris a Christiane
    • Merci Dave
    • Merci Anne
    • Merci Dany
    • Merci Florent
  • Merci un den 100,7, dass dir mech an den Generator agelueden hutt! 
  • Merci un d’Bäckerei Jeitz, déi als éischte Buttik mäi Kaffi verkeeft!
  • Merci un de Berdorfer Eck, déi säit Juni 2020 mäi Kaffi an hirem Buttik verkafen! 

Ech hunn an dëser Lëscht bestëmmt Léit vergiess! Wann ech dech vergiess hunn, sief mir net béis 😉 Mell dech einfach da setzen ech dech an d’Lëscht dobäi!