
vu Patrice.Coffee
- uerdentlech Präisser fir de Bauer (mindestens den duebele Präis vum Fairtrade Minimumpräis!)
- qualitativ héichwäertege Kaffi (wéi et en net am Supermarché gëtt!)
- schounend Trommelréischterung fir dee beschte Goût aus der Boun ze huelen
- Transparenz: Op all Pak gesäis du genau vu wéi enger Farm/ Cooperative de Kaffi kennt
- fir all 250g verkafe Kaffi gëtt ee Bam a Kenia geplanzt
- deen éischten CO2 negative Kaffi zu Lëtzebuerg - Hei klicken fir déi genau Oplëschtung!
Schonn
Patrice.Coffee ass Member vun der Specialty Coffee Association!

Uganda – Zombo – Ajere
Uganda ass u sech nët bekannt (oder nach net) fir richteg gudde Kaffi! Mee dese Kaffi huet mir d’Sprooch verschlo, et ass ee vun deene beschte Kaffien, déi ech bis elo geschmaacht hunn. Dëse Kaffi wiisst no un der Kenianescher Grenz an ass dofir genau dat richtegt fir Léit déi kenianesche Kaffi ze schätze wëssen!

Kongo - Katana
Dëse Kaffi gëtt am kongoleseschen Duerf Katana vu klenge Familljebetriber produzéiert. Weiderverschafft gëtt en vun der COOP RAEK, déi dofir suergt, dass d’Bauere fair Bezuelungen a fair Aarbechtskonditiounen hunn.

Brasilien - Capricornia - Espresso
Deen éischte Kaffi aus dem gréisste Kaffisland vun der Welt: Brasilien! Dëse Kaffi ass eng Mëschung vun 3 klenge Kaffisfarmen, déi ënner dem Numm Capricornio zesummeschaffen. D’Mëschung ass ofgestëmmt fir een exzellenten Espresso aus dem Kaffi erauszehuelen.

Kolumbien - NASA Kaffi - Remigio Guegue
Dëse Kaffi ass vum Remigio Guegue vum Nasa Vollek a Kolumbien ugebaut. Hien a seng Famill suergen dofir, dass du all Moien eng richteg gutt Taass Kaffi hues. Super gëeegent fir Espressosmaschinnen a Kaffisvollautomaten! Dëse Kaffi ass méi staark, also méi däischter geréischtert! Perfekt fir Léit déi gär Espresso drénken! 😉
Wat soen d'Patrice.Coffee Clienten?































Froen an Äntwerten
Moien! Ech sinn de Patrice Sadler. Eng richteg Kaffistut, Barista a Kaffisréischterer.
Meng Missioun ass et dir bessere Kaffi unzebidden an de Kaffisbaueren eng fair Bezuelung ze bidden!
Wanns du méi iwwer mech wësse wëlls, klick hei!
De Patrice.Coffee as hei um Site an op verschiddene Mäert ze fannen!
Ausserdem kritt een en elo och bei:
Bäckerei Jeitz, 7 Route de Luxembourg, 6210 Consdorf
Berdorfer Eck, 53 rue d’Echternach, 6550 Berdorf
De Patrice.Coffee gëtt bei Café Loren zu Pont-à-Mousson a Frankräich vu mir selwer geréischtert.
Ech hunn d’Chance, dass de Loren mech op sengem Kaffiréischterer schaffe léisst, an dofir sinn ech immens dankbar!
Leider hunn ech d’Geld net (oder nach net) fir selwer eng Réischterei zu Lëtzebuerg opzemaachen. D’Käschte vu Loyer an engem grousse Réischterer sinn ze héich.
Dofir sinn ech immens dankbar, dass ech beim Café Loren zu Pont-à-Mousson réischteren dierf!
Nee. Grondsätzlech sinn ech kee Frënd vu Labelen. Dat gesot, si verschidde vun de Bauere mat deenen ech schaffen awer Bio zertifizéiert. Ech als Réischterer sinn et awer net!
Nee. Wéi och scho beim Bio Label gesot, sinn ech ee Labelskeptiker.
De Fairtrade Minimumpräis läit bei ronn 2.32€ pro KG gréng Bounen. Dat huet allerdéngs näischt mat fairem Handel ze dinn, wann ee weess, dass de Bauer wéinstens dat duebelt brauch fir iwwer d’Ronnen ze kommen!
Déi besser Alternativ, nennt sech direct Trade. Bei dëser Form vum Handel, ginn e Koup Tëschenhändler aus dem Spill geholl an de Bauer kritt doduerch méi Geld!
Ech schaffe mat Urwaldkaffee aus Köln zesumme fir de kolumbianeschen a mat This Side Up Coffee vun Amsterdam. Beit Importateure gi mir Abléck an de genaue Präis deen de Bauer fir säi Kaffi kritt. Esou kann ech garantéieren, dass de Bauer deen de Patrice.Coffee Kaffi ubaut, mindestens den duebele Fairtrade Präis kritt!
Wat geschitt eigentlech mam Geld, dat u Fairtrade an aner Labele bezuelt gëtt? Eng transparent Dokumentatioun dovu gëtt et leider net!
Fairtrade an aner Labelen ewéi UTZ gi mir einfach net wäit genuch!
Natierlech! An ee Vollautomat kann een all Kaffi dra maachen. Egal op um Pak dropsteet, dass en extra fir ee Vollautomat ass. Dat ass ee renge Marketing Trick!
Nee. An dat wäert och ni kommen! Kapsele sinn eng riseg Source fir Offall an dofir ënnerstëtzen ech dat net.
Wanns du méi doriwwer wësse wëlls, lies dësen Artikel deen ech geschriwwen hunn!
Ech beäntwerten dir gären all deng Froë per Email! Schreiw mir einfach ënner moien@patrice.coffee