Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€9.25 – €31.00 inkl. MwSt.
Santa Lucia ass ee richtege Fammiljebetrib deen et elo schonn zanter 60 Joer gëtt. Hier Marque heescht Café Vidita wat esou vill heescht wéi “klengt Liewen“. Dësen Numm ass inspiréiert vum Spëtznumm, deen den elo 97 järege Grënner, René Senior, senger Duechter ginn huet.
Haut ass de Betrib an der Hand vu sengen Enkelen dem Rina an dem René Junior.
Bis 2007 huet Café Vidita säi Kaffi iwwer den “konventionellen” Wee verkaf, spréch u grouss Konzerner, deene Qualitéit onwichteg ass an se och net ze wäertschätze wëssen. Säit 2007 sinn si awer elo komplett onofhängeg a striewen dono dee beschte Kaffi aus Nicaragua ze produzéieren.
A wéi d’Rina Paguaga selwer seet: “Nicaragua kann dee beschte Kaffi vun der Welt produzéieren a mir wëlle wierklech dat Bescht offréiere wat eis Land ze bidden huet. Mir gleewen, dass mir och um richtege Wee sinn!”
Der Paguaga Famill hir 5 Kaffisplantage leien an der weltbekannter Nueva Segovia Regioun a si hunn d’Biergspëtzte vun hire Plantage zu Naturschutzgebitter gemaach.
Mat senge Goûte vun Nëss, Schockela a Karamell erënnert de Kaffi mech e bësschen un deen aus dem Peru vu Churupampa. Ee klengen Extra ass awer eng liicht fruchteg Nout vun Äerdbier, déi ee wann een déif an d’Taass kuckt, fanne kann. 😛
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Boun/gemuel | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.