Cascara – gedréchent Kaffifruucht

6.00 inkl. MwSt.

Cascara ass spuenesch fir d’Kaffisfruucht déi ronderëm d’Boun ass.

Meeschtens gëtt des Fruucht nëmmen an den Hierkonftslänner benotzt fir Téi ze maachen oder gëtt op de Kompost geschmass. Mee Cascara Téi ass eppes extrem Leckeres, wat vill ze Schued ass fir net ze benotzen.

Wéi ech zu Mailand mam ethiopesche Kaffisbauer Abiy iwwer Cascara geschwat hunn, huet hie mir erkläert, dass et fir d’Baueren immens wichteg ass ee Wee ze fanne fir Cascara ze verkafen, an esou ee weidert Standbeen ze hunn niewt dem Kaffi. Mir war direkt kloer, dass ech Deel vun der Léisung fir d’Kaffisbaueren si wëll, an dofir hunn ech direkt ee 15kg Sak Cascara matbestallt.

Dofir hunn ech ab elo Cascara aus Ethiopien vun der Farm Limmu Kossa am Sortiment.

De Cascara schmaacht no Hibiskus, Earl Grey an Zitrounen. 

Wéi drénkt ee Cascara?

Du kanns Cascara genau sou maache wéi eng Infusioun oder och bei waarme Wierder als leckere Cold Brew.

Fir den Téi brauchs du 7.5g Cascara an 200ml waarm Waasser. Dat Ganzt léisst de 5 Minutten zéien a schonn hues de ee wonnerbar fruuchtege Cascara Téi.

Fir de Coldbrew brauchs du 20g Cascara an 1L kaalt Waasser. Dann einfach 8 Stonnen an de Frigo a schonn hues de eng fruuchteg Cascara Erfrëschung.

Cascara huet och ganz bëssche Koffein mee vill manner wéi Kaffi. 

An engem Pak sinn 100g dran.

- +
Category:

Méi Infoen

Quantitéit

100g

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Cascara – gedréchent Kaffifruucht”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.