Peru – Churupampa – La Lima Microlot

9.0030.00 inkl. MwSt.

Nächst Réischterung den 29. Abrëll, nächste Versand den 2. Mee!

Dëse Kaffi kennt aus Chirinos an den Anden am Peru. Peru mat senge ville Bierger ass eent vun deene beschte Länner fir immens héichwäertege Specialty Kaffi ze produzéieren.

Churupampa ass eng Kaffisfarm mat engem soziale Business Modell. Amplaz nëmmen no sech ze kucken, hëlleft Tocto Famill och méi wéi 30 anere Baueren an der Emgéigend hire Kaffi besser ze maachen, en ze vermarkten an ze verschëffen.

Churupampa ass BIO zertifiéiert a wéi ëmmer kréien si méi ewéi dat duebelt vum Fairtrade Minimumpräis bezuelt! Churupampa produzéiert hiren eegene Kompost, fir de Planzen alles ze gi wat se brauchen.

An dësem Video hëlt den Eswin Tocto dech mat op seng Finca:

Dëse Kaffi huet Goûte vu Schockela an ass nossëg, mat enger ganz liichter an angeneemer Nout vu Friichten. En ass besonnesch gëeegent fir d’Fans vu méi traditionellem Kaffi. Wann dir also de Kolumbianesche Kaffi schmaacht, ass dat hei genau dat richtegt fir dech 🙂

Richteg gutt als Filter, French Press, Espresso an am Vollautomat, ee richtegen Allrounder!

  • Finca: Churupampa
  • Ugebaut zu: Chirinos,San Ignacio – Cajamarca, Peru
  • Altitude: 1600 – 1900 m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85.25 Punkten (exzellent)
  • Goûten: Äerdnoss, Schockela, liicht fruchteg
  • Varietéiten: Typica, Caturra a Pache
  • 100% Arabica
  • Prozess: gewäsch
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Keen Asaz vu Chemikalien (Churupampa ass BIO-zertifiéiert)
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Peru – Churupampa – La Lima Microlot”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.