Peru Robusta – Cepro Yanesha

7.2528.00 inkl. MwSt.

Nächst Réischterung den 29. Abrëll, nächste Versand den 2. Mee!

Robusta ass Kaffi vun der Coffea canephora Planz an ass wéi den Numm et schonn undeit, méi robust wéi Arabica. Robusta huet éischter ee schlechten Numm, well en oft just a Mëschunge benotzt gëtt fir ganz bëllege Kaffi ze produzéieren an eng gutt Créma bei Espressoen ze erzilen.

Mee et gëtt och richteg gudde Robusta, de sougenannte Specialty Robusta. Hei këmmeren d’Baueren sech immens em d’Planzen, plécke just déi zeideg Friichte vum Bam a verschaffen en och gewëssenhaft a mat vill Méi.

A genau sou ee Robusta hunn ech hei fir iech, aus dem ofgeleeënem Dschungel vu San Pedro, Peru. Produzéiert gëtt dëse wonnerbare Robusta vum Yanesha Vollek, dat an dëser Regioun lieft a gréisstendeels komplett “self sufficient” ass. Si fëschen, joen a bauen Uebstbeem un, déi si fir hier Iwwerliewe brauchen. Dat Ganzt an Harmonie mat hirer Ëmwelt déi voll vun Afen, Toucanen an anere fir eis exotesch Déieren ass.

Meng Farm heescht Los Bravos well nëmmen déi Daper trauen sech an des Regioun! – Ángel Buleje

De Kaffi gëtt direkt am Dschungel ugebaut op risege Flächen, et ass also net wéi ganz oft bei Robusta (zB aus dem Vietnam), dass Monokulture geschaaft gi fir vill Kaffi “effizient” unzebauen. De Buedem gëtt also net vun intensivem Kaffiubbau nährstoffarm gemaach.

De Specialty Robusta vum Yanesha Vollek ass eng Mëschung vun 13 Kaffisbaueren déi zesummen an der San Pedro de Pichanz Community liewen. Wärend der Recolte schaffen si alleguer zesummen, wat si ayni nennen. Dat heescht kee gëtt vun deem anere bezuelt, mee jiddereen hëlleft dem aneren a jidderee profitéiert dovun.

Mat Goûte vu schwaarzem Schockela a séissem Ahorn Sirop iwwerzeegt dëse Robusta souguer Arabica Drénker. Well et sech em Robusta handelt, kanns du dech och op eng richteg gutt Créma op dengem Kaffi freeën! 🙂

Am Robusta ass méi Koffein dra wéi am Arabica, dat heescht en ass e gutt Stéck méi staark!

Wanns du nach méi iwwer d’Yanesha Vollek wësse wëlls klick hei (op Englesch)!

  • COOP: CEPRO Yanesha
  • Ugebaut zu: San Pedro de Pichanz, Puerto Bermúdez District, Peru
  • Altitude: 500 – 800 m
  • Goûten: schwaarze Schockela an Ahorn Sirop
  • Varietéit: Robusta (Coffea canephora)
  • 100% Robusta
  • Prozess: gewäsch
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Keen Asaz vu Chemikalien (CEPRO Yanesha ass BIO-zertifiéiert)
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Peru Robusta – Cepro Yanesha”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.