Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€7.25 – €28.00 inkl. MwSt.
Dëse besonnesche Kaffi aus Brasilien gëtt vun enger rénger Fraekooperativ hiergestallt.
No engem Fussballsmatch hunn des Kaffisbauerinnen sech zesummegesat an decidéiert eng Kooperativ zesummen ze grënnen an hire Kaffi esou zesummen ze verkafen. Wichteg an hirer Grupp ass d’Gläichberechtegung, dat heescht egal op eng Farmerin nëmmen een Hektar Land huet oder vill méi, jiddereen huet genau sou vill ze soen.
D’Farmen gi bal all nom Prinzip vun der Permakultur bewirtschaft, wat a Brasilien zimmlech speziell ass. Permakultur heescht, dass tëscht de Kaffisbeem och aner Notzplanzen wéi Mais a Bounen, ugebaut ginn.
De Kaffi ass exzellent an ech fannen, dass ee sou Initiative wéi vun dësen 22 Fraen onbedéngt ënnerstëtze muss.
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Boun/gemuel | an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.