Op all Kontinent, an all Land an an all Géigend, fënnt een aner Goûten am Kaffi. Vun Zitrusfriichten, iwwer Schockela, gedréchente Friichte bis hin zu Kraider a Blummen kann een alles a senger Taass Kaffi erausschmaachen. Et steet eis also eng rise Welt op wat d’Goûte vum Kaffi betrëfft. Ausschlaggebend fir de Goût vum Kaffi sinn d’Wiederkonditiounen, de Buedem, d’Varietéit vum Kaffisbam, d’Planzen déi ronderëm wuessen an d’Aart a Weis wéi d’Boune gedréchent ginn.
 
Beviru mir eis awer elo ukucke wéi Kaffi (am generellen!) aus de verschiddene Länner schmaacht, muss ech nach kuerz dorop agoe wéis du déi Goûten erausschmaache kanns. Wanns du Zocker oder Mëllech an däi Kaffi mëss schmaachs de zum Groussdeel natierlech nëmmen Zocker a Mëllech, well all d’Goûten dovun neutraliséiert oder verdeckt ginn. Et kann ee jo och net soe wéi ee Wäi schmaacht, wann ee fir ze schmaachen direkt Jus draschëtt.
 
Dofir recommandéieren ech dir op allefall de Kaffi schwaarz ze drénken. Du kanns dech lues a lues doru gewinnen däi Kaffi schwaarz ze drénken an deems de ëmmer manner Zocker an/oder Mëllech an de Kaffi mëss.
 

Kaffi aus Afrika

Burundi

A Burundi ass Kaffi als Planz an den 1920er Joren ënnert belscher Herrschaft komm. Vun 1933 un, huet all Bauer op mannst 50 Kaffiplanzen ubaue missen.
 
Gutt Kaffien aus Burundi hu Goûte vu Friichten an hu Qualitéite vu Jus.

Ethiopien

Weltwäit ass Ethiopien als Ursprongsland vun der Arabica Kaffisplanz unerkannt. Do ass Kaffi och déi éischt Kéier geréischtert ginn a vu Mënsche konsuméiert ginn. Aus Ethiopien ass Kaffi och am 17. Joerhonnert fir d’éischt exportéiert ginn, an de mëttleren Osten an a Jemen.
 
Well et an Ethiopien déi gréisste Villfalt vu Varietéite gëtt, ginn et och immens vill Goûten. Vun Zitrus iwwer Blumme bis hin zu tropesche Friichte kann een alles am Kaffi erausschmaachen.

Kenia

Kaffien aus Kenia si fir hir héich Qualitéit, Friichtegoûten, Séisst an intensiv Saier bekannt.

Ruanda

Richteg gutt Kaffien aus Ruanda hunn oft Goûte vu rouden Äppel oder rouden Drauwen. Blummeg Goûte sinn och heefeg.

Kaffi aus Asien

Indien

Déi bescht Kaffien aus Indien, tendéieren dozou voll, cremegwéineg Saier ze hunn. Meeschtens sinn se net besonnesch interessant am Goût.

Indonesien

Kaffi aus Indonesien ass oft äerdeg an holzeg am Goût an huet wéineg Saier.

Vietnam

Am Vietnam gëtt nëmme ganz wéineg qualitativ héichwäertege Kaffi ugebaut. Dohier ass de Goût oft ganz flaach, holzeg an huet bal kéng Séisst.

Kaffi aus Zentral- a Südamerika

Brasilien

Brasilien ass dat Land op der Welt dat am meeschte Kaffi produzéiert.

Déi besser Kaffien aus Brasilien hunn oft wéineg Saier, mat Goûte vu Schockela an Nëss

Kolumbien

Kolumbianesche Kaffi huet ee grousse Spektrum vu Goûte jee nodeem a wéi enger Géigend en ugebaut ginn ass schmaacht en no Schockela an Nëss. E kann awer och vill méi no Friichte schmaache wéi zB Kaffien aus Afrika.

Kolumbien huet vill Mikroklimaen an dofir fënnt ee vu Farm zu Farm verschidde Goûten.

El Salvador

D’Bourbon Varietéit aus El Salvador ass bekannt dofir immens séiss ze sinn a Goûte vu Friichten ze hunn mat nëmme wéineg Saier.

Guatemala

Am Guatemala fënnt ee wéi och a Kolumbien, vill verschidde Goûten am Kaffi. Vu schwéiere Schockela Kaffi bis hin zu séissen, blummegenfriichtege Kaffien ass alles vertrueden.
 

Mexiko

Mexikanesche Kaffi schmaacht oft no Schockela a Karamell an huet vill Séisst.

Ech hoffen, dat hei huet dir e bësschen eng Iwwersiicht ginn, wéi eng Goûten een alles am Kaffi fanne kann. Fir déi Goûten ze schmaache muss een natierlech wéi schonn uewe geschriwwen, op Zocker a Mëllech verzichten. Sief och nach gesot, dass een dës Goûten net a bëllege Kaffie fënnt mee wierklech vill méi a qualitativ héichwäertege Kaffien.

 

Dës Lëscht beinhalt net all d’Länner déi Kaffi ubaue mee eng Selektioun vun deenen interessantsten.

 

Wanns du Froen iwwer Kaffi aus gewësse Länner hues, kanns du mir einfach op Facebook schreiwen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.