Beim Kaffi nennt een dat Processing also “Verschaffen”. Dobäi geet et dorëms, d’Fruucht vum Som ze trennen an de Som ze dréchnen. Et gëtt e puer Methode wéi een dat maache kann, mee fir et einfach ze halen, schwätze mir elo nëmmen iwwer d’washed Method also gewäsche Method, well et och déi am meescht genotzten ass.
Deen éischte Schrëtt ass et d’Fruucht ze plécken. Wéi bei anere Friichten och, sinn d’Kaffiskiischten zu verschiddenen Zäite fäerdeg. Dat heescht, un engem Kaffisbam kann een zeideg rout Friichten, onzeideg gréng Friichten an och iwwerzeideg verdréchent Friichten hänken hunn. Dofir ass et och immens wichteg, dass Kaffi vun Hand an nëmmen zeideg gepléckt gëtt. (Mat Ausnam vu Brasilien, wou et maschinell gemaach gëtt!)
Nom plécken, ginn d’Kiischten nach eng Kéier maschinell oder vun Hand gesënnert fir sécher ze goen, dass nëmmen déi zeideg Friichte weiderverschafft ginn.
Elo geet et dorëms de Som aus der Kiischt ze kréien. Den éischte Schrëtt ass d’Friichten ze entpulpen (och nach depulpe genannt) En Depulper ass eng Maschinn déi d’Fruuchtfleesch an een Deel vum Schläim ronderëm d’Boun erofrappt.
Mir hunn no dësem Schrëtt also eng gréng Kaffisboun, déi mat enger dënner pecheger Schleimschicht emginn ass. Esou kommen d’Kaffisbounen an ee Fermantatiounstank. D’Waasser reagéiert mat den Enzymer vun der Kaffisboun an hëlleft esou d’Schleimschicht opzeléisen.
Wann de Kaffi aus dem Fermentatiounstank kennt, gëtt en fir ze dréchnen ausgeluecht, fir de de Fiichtegkeetsgehalt vun der Boun erofzekréien. Heiansdo gëtt dat einfach um Betonsbuedem gemaach (Süd- an Zentralamerika) an op anere Plaze gëtt en op Better geluecht déi iwwer dem Buedem sinn (z.B an afrikanesche Länner).
D’Boune ginn elo reegelméisseg gereecht a gedréint, fir dass se gläichméisseg dréchnen an net ufänke mat schimmelen.
Och wann de Schläim bei der Fermentatioun erof geholl ginn ass, ass nom dréchnen nach ëmmer eng dënn Haut ronderëm d’Boun. Des Haut nenn ee Parchment. D’Boune kommen also nach eng Kéier an eng Maschinn an där se gerëselt ginn an déi Haut eroffält.
Hei nach eng Kéier eng kuerz Zesummefaassung:
- De Kaffi gëtt gepléckt a sortéiert.
- De Kaffi kënnt an een Depulper wou d’Fruuchtfleesch an een Deel vum Schläim erofgerappt gëtt.
- Da kennt de Kaffi an de Fermentatiounstank wou de Rescht vum Schläim ofgebaut gëtt.
- Elo gëtt de Kaffi ausgeluecht fir ze dréchnen.
- An am leschte Schrëtt gëtt de Parchment duerch Agitatioun vun der Boun getrennt bevirun en a Säck ofgefëllt gëtt.
An elo hu mir schéin, dréche gréng Kaffisbounen. An jo, beviru Kaffi geréischtert gëtt ass e gréng, wat fir verschidde Léit onvirstellbar ass. Wéi der gesitt, ass d’Kaffisproduktioun eppes immens Komplexes an extrem zäit- an aarbechtsintensiv. An dat bevirun de Kaffi iwwerhaapt an d’Konsumentelänner exportéiert ka ginn.
Dat waren elo d’Basics vun der Kaffisproduktioun. Ech hoffen, dat hei war informativ a villäicht mëss du dir jo bei denger nächster Taass Kaffi mol Gedanken doriwwer, wéi vill Léit, Zäit an Aarbecht noutwenneg ass, fir dass mir Moie fir Moien eng Taass Kaffi drénke kënnen.