Kaffi ass eng vun de meescht gehandelte Wueren op der New-Yorker Bourse. De Kaffispräis, deen d’Kaffisbauere fir hire Kaffi kréie verännert sech dofir all Dag, jee nodeems wéi vill Demande an Offer um Marché besteet.
 
An de letzte Jore war de Präis vum Kaffi relativ héich a stabil, mee an de leschte Méint huet de nidderege Präis, vill Kaffisbaueren nach méi an eng extrem Aarmut gedriwwen.
 
De Präis pro Pond Kaffi ass am September ënner 1 US Dollar gefall, esou déif ewéi säit 14 Joer net méi. . D’Produktiounskäschte fir d’Bauere léie bei duerchschnëttlech 1,3 US Dollar pro Pond Kaffi. Dat heescht, dass d’Baueren am Moment ee Verloschtgeschäft mam Verkaf vun hirem Kaffi maachen.

Firwat schwankt de Kaffispräis esou vill?

De Kaffismarché ass een immens spekulative Marché! D’Léit op der Bourse kafen a verkafe Kaffi fir schnell Profit ze maachen an ouni de Kaffi jeemools wierklech ze hunn. De Kaffispräis fält wa vill Kaffi um Marché ass, an e klëmmt wann zB schlecht Wiederkonditiounen a groussen Hierstellungslänner virausgesot ginn, wéi Brasilien oder Vietnam.

D'Baueren hu keng Zäit ze reagéieren.

Well de Präis vum Kaffi a ganz kuerzer Zäit variéiere ka mee de Kaffi ee Produit ass deen eng Kéier (bis 2 Mol) am Joer geernt gëtt, hunn d’Kaffisbauere keng Méiglechkeet op d’Präisschwankungen ze reagéieren. De Marchéspräis klëmmt a fält all Dag an de Bauer kann nëmmen all Joer Verännerunge maachen, respektiv am Fall vu néie Beem brauch e wéinstens 5 Joer bis d’Kaffisbeem déi éischt Ernt abréngen.

Ass Fairtrade d'Léisung fir dëse Problem?

De Fairtrade Label huet als Missioun, ee Minimumpräis vum Kaffi festzesetzen. No menge Recherchë läit dee Präis bei 1,6 USD fir konventionelle Kaffi a bei 1,9 USD fir Bio Kaffi. An Theorie si Fairtrade Produzenten domat virun der aktueller Kris geschützt. Leider ass dat awer nëmmen an Theorie.
 
Duerchschnëttlech verkafe Fairtrade zertifiéiert Baueren nëmmen een Drëttel vun hirem Kaffi als Fairtrade, och wann all hire Kaffi de Fairtrade Konditiounen entsprécht. Dëst Phenomen kënnt dohier, dass d’Fairtrade Zertifizéierung net garantéiert, dass iergendeen Keefer op der Welt de Kaffi zu de Fairtrade Präisser keeft. De Bauer (oder d’Kooperativ) bléift dofir op engem groussen Deel vum Kaffi sëtzen a muss de Kaffi no enger Zäit zum Präis vum konventionelle Kaffi, als konventionelle Kaffi verkafen.
 
Dobäi kënnt nach dass de Minimumspräis un déi zertifiéiert Instanz bezuelt gëtt. Also oft u Kooperativen, déi dann ee manner héiche Präis un de Produzent selwer bezuelen. Wann een also um Minimumspräis ass, kritt de Bauer och nëmme just seng Produktiounskäschte gedeckt.

Ech wäert an engem zukünftege Blogpost nach weider op Problematike vu Fairtrade agoen.

Wat kënne mir als Konsumente maache fir de Produzenten ze hëllefen?

Och wa Fairtrade net de ganze Problem vun de Produzente léist, ass et scho mol eng besser Alternativ ewéi konventionelle Kaffi ze kafen. Wann de Kaffi deens du Keefs 5 € de Kilo kascht, wéi vill mengs de kritt de Bauer dann dofir? Kaffien déi esou bëlleg sinn, beuten d’Kaffisbaueren aus a verschlëmmeren d’Aarmut vun de Baueren.
 
Den direkten Handel vu Kaffi bitt eng weider Léisung fir d’Bekämpfe vun der Veraarmung vun de Baueren. Direkten Handel heescht, dass Réischterer an och Importateuren direkt vu Farme kafen, amplaz iwwer een Händler deen am Hierstellungsland bëlleg akeeft an en da weiderverkeeft.
 
Hei zu Lëtzebuerg hu mir eng Réischterei (vun där ech weess) déi de Kaffi selwer direkt bei de Bauere keeft. Dat ass Mondo del Caffè zu Iechternach. Allerdéngs sinn et och nëmmen e puer vun de Kaffien déi si direkt bezéien.
 
Mir als Konsumenten, kënne bei Réischtereien déi direkt importéieren de Präis nofroen, dee fir de Kaffi bezuelt gëtt a kënnen esou sécher goen dass de Bauer och sécher méi kritt wéi dat wat e fir d’Produktioun vum Kaffi ausgëtt.

E lescht Wuert.

Milliarde vu Léit drénken all Dag Kaffi, mee leider denken net vill Léit doriwwer no wou Kaffi eigentlech hir kennt a wéi vill Aarbecht d’Produktioun ass. Duerch eise Konsum vu bëllegem Kaffi, si mir mat dru Schold, dass déi 125 Millioune Léit deenen hir Iwwerliewen um Kaffi hänkt, weider veraarmen, d’Kanner net a Schoule schécke kënnen a nëmme knapps iwwerliewe kënnen.
 
Ech fuerderen dofir jiddereen op, net um Kaffi ze spueren, well wa mir mol éierlech mat eis sinn, ass kee vun eis deen am Dag Onsomme bezilt fir Kaffi ze drénken och net wann ee fir ee Kilo méi ewéi 20 € bezilt!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.