Product description
The coffee is roasted by:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€7.00 – €27.00
Dëse Kaffi kënnt vum Arhuaco Vollek, ee vu 4 indigene Vëlker aus der Sierra Nevade de Santa Marta a Kolumbien. Déi 3 aner Vëlker sinn d’Kogi, d’Wiwa and d’Kankuamo.
Zesummen hunn dës 4 indige Vëlker d’Sierra Nevade de Santa Marta geschenkt kritt fir dorop opzepassen, well they have des Géigend als de Mëttelpunkt vun der Welt an dem Gläichgewiicht vun der Natur gesinn. Wärend dausende vu Joren hunn si friddlech zesummegelieft an hunn avancéiert Technologien an Architektur, Waasser, Goldschmiederei and Keramik entwéckelt.
An de leschten 500 Joer hunn d’Arhuaco (an déi aner Vëlker) sech misste vun der Küst an d’Biergregioun flüchten wéinst den Europäer déi komm sinn. An de 40er Joren, wéi d’Chrëschten ëmmer méi aggressiv bekéiert hunn, hu they have nach méi wäit an d’Bierger misste flüchten a si krute verbueden hier Sprooch Iku ze schwätzen an hier traditionell Kleedung unzedoen.
Säit de 70er Joren, ginn des Vëlker ëmmer erëm vu Guerilla Gruppen, paramilitäresche Gruppen, dem Staat an Drogebanden ugegraff. Des Kämpf entstinn duerch den Drogeschmuggel vu Cannabis a Kokain.
Kaffi gouf vun de Kolonialstaate matbruecht a gouf a Kolumbien ugebaut. Duerch den Ubau a Verkaf vum Kaffi, verdéngen d’Arhuaco Geld, mat deem they have sech Stéck fir Stéck hire Virfaren hier Land zeréckkafe vum Staat.
Säit 2014 exportéiert Arhuaco Vollek zesummen ënner dem Numm Asoarhuaco hire Kaffi international.
Déi 4 Vëlker sinn déi grouss Bridder, déi d’Zesummenhäng an d’Zesummespill an der natierlecher Welt kennen a verstinn. Mir sinn déi kleng Bridder, déi sech deene Saachen net sou bewosst sinn, a wéinst eiser Onwëssenheet scho vill futti gemaach hunn. Déi grouss Bridder probéieren, dat natierlecht Gläichgewiicht ze erhalen an eis all esou ze erméiglechen op dëser Welt weiderhin ze liewen.
Hei nach ee Video vum Arhuaco Vollek:
The coffee is roasted by:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantity | 250g, 1kg |
---|---|
Whole bean/ground | an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.