Nespresso... or else!?!

Kapsel Kaffi, dee grousse Marketing Erfolleg vun Nestlé a Keurig. Mat Spréch wéi “Nespresso, what else?” huet de Clooney d’Häerze vu ville Kaffidrénker gewonnen an se dozou beweegt, 14-16g Kaffi an enger Aluminiumverpackung ze kafen zu immens héije Präisser.

Bei de Präisser schwätze mir vu mëttelméissegem Kaffi, deen zu NET faire Präisser kaf a geréischtert gëtt an deen, an der Boun ronn 7€ de Kilo kaschte géif, huet Nespresso & Co fir 40 € de Kilo verkaf… Mee ech well an dësem Artikel net iwwer de Präis schwätzen oder déi schlecht Aarbechtskonditioune vun de Baueren déi dëse Kaffi produzéieren.

Vill méi geet et mir drëms iwwer den ekologeschen Impakt ze schwätzen an och iwwer de Greenwashing dee mat “recycléierbaren” a “kompostéierbaren” Kapsele bedriwwe gëtt. Mee ech schéissen erëm ze schnell… loosst eis fir ufänken. 

Mäin éischte Schock mat Kapselen.

Deemools ewéi ech nach jonk war 😉 , hunn ech zu Stroossbuerg studéiert. Meng Frëndin war an de Supermarché an ech stoung mat eisem Mupp virun der Dier ze waarden. Zwee Meedercher an enken Outfits stoungen och do an hunn all Mënsch deen aus dem Supermarché koum eng gratis Packung Nespresso Kapselen ugebueden. Ech hu mir net vill dobäi geduecht, schliisslech ass een esou Aktioune vu Cola, Redbull & Co gewinnt. Mee iergendwann hunn ech ugefaangen ze ziele wéi vill Léit esou eng Packung mathuelen. Natierlech kann een elo soen, dass d’Léit alles huele wat gratis ass… mee wat mécht ee mat Kaffiskapsele wann ee keng Maschinn huet? Vun de Léit déi aus dem Supermarché koumen hu ronn 70% esou eng Proufpackung glécklech entgéint geholl. 

Ech war schockéiert… wéi kann et sinn dass esou vill Léit esou hire Kaffi all Dag drénke wëllen… 

Den ekologeschen Impakt!

Supermarchéen dierfe keng Plastikstute méi verschenken, alternativen zur Plastikstut ginn am Geméisrayon ugebueden an de Plastikstréihallem soll verbuede ginn. Mee Kaffi gëtt nach ëmmer a Kapsele verkaf. Dat ass menger Meenung no net ganz konsequent… mee dat si mir jo sou gewinnt vu Politiker, déi no der Päif vu grousse Firmen danzen. 

Nespresso hëlt d’Kapselen zeréck an “recycléiert” se. Awer nach laang net all Consommateur mécht dat och. 

Et gëtt zwee Argumenter déi ech ëmmer erëm vun “Kapseldrénker” héiere firwat se esou een ekologescht Desaster ënnerstëtzen.

  1. Et ass esou praktesch!
  2. De Kaffi schmaacht esou gutt!
 

Dat éischt Argument ass ee grandios Beispill dofir ewéi faul d’Mënschheet ginn ass. Mir kennen net méi dozou genötegt gi selwer ze kachen a scho guer nët selwer Kaffi opzebereeden!

Dat zweet Argument ass immens subjektiv an ass schwéier ze widderleeën also probéieren ech dat elo op dëser Plaz och net. Ech well jo elo net ewéi ee Kaffisnob eriwwerkommen.

Goût a Bequemlechkeet sinn also déi zwee Haaptgrënn firwat d’Léit wëllen, dass hire Kaffi a mini klenge Kapselen aus Aluminium oder Plastik geliwwert ginn. 

Dofir hunn elo e puer Firmen en super Projet gestart! Si wëlle kompostéierbar Kapselen hierstellen. Well da kann een se jo einfach op de Kompost oder an déi gréng/brong Dreckskëscht puchen. Et mécht een eppes Guddes fir d’Ëmwelt. Op allefalls gëtt et esou verkaf an de Konsument huet dat Gefill…

Kompostéierbar Kapselen - oder - wéi ee senge Clienten ee gutt Gewëssen ariet.

Kenns du dee Begrëff  “Greenwashing”?

Et ass een negativ beaafte Begrëff an dat “pour cause”. Hei d’Definitioun vu Greenwashing: 

“Greenwashing … ist eine kritische Bezeichnung für PR-Methoden, die darauf zielen, einem Unternehmen in der Öffentlichkeit ein umweltfreundliches und verantwortungsbewusstes Image zu verleihen, ohne dass es dafür eine hinreichende Grundlage gibt.”

Source: https://de.wikipedia.org/wiki/Greenwashing

Et geet also dorëm dass Firmen hiren eegenen Image onberechtegt obwerten an deem, dass se hir “loyal” Clientë krass gesot veraarschen!

Wat huet dat mat kompostéierbare Kapselen ze dinn? 

Okay, natierlech ass et gutt wann ee säi Knascht kompostéiere kann amplaz et einfach an d’Poubelle oder an de Recycling ze puchen. Virun allem elo wou Muellkippe-der-Welt-werden Asien sech géint eisen Recyclingoofall wiert!

Mee dat ass och hei net de Problem ech hunn elo e puer mol Aussoe gelies, an deenen de Client mengt, dass e mat esou Kapselen eppes GUDDES fir d’Ëmwelt mécht!

A bei genau deenen Aussoe läit de reelle Problem. Den (onopgekläerten) Konsument, mengt, dass wann e recycléiert oder kompostéierbar Kapsele keeft, eppes Guddes fir d’Ëmwelt mécht. Wat net beduecht gëtt ass d’Energie déi noutwenneg ass, fir Kapselen hierzestellen. D’Energie vu kompostéierbare Kapselen ass vum Opwand hir méi héich ewéi bei den net kompostéierbare Kapsele vun Nestlé & Co. 

Mee wéinstens kann een se kompostéieren … oder?

Hei een Ausschnëtt aus engem Artikel aus der FAZ Source: https://www.faz.net/aktuell/finanzen/meine-finanzen/geld-ausgeben/kaffee-kapseln-biokapseln-gehoeren-nicht-in-die-biotonne-15046366.html

“Die laut grüner Werbebotschaft und Industrienorm 13432 kompostierbaren Kapseln werden vielmehr vor dem Verkauf als Fremdkörper aus dem Kompost ausgesiebt und kommen dann in die Müllverbrennungsanlage. Statt in der Biotonne wären sie also gleich besser im Restmüll aufgehoben gewesen.”

Okay dat heescht also:

1. kompostéierbar Kapsele brauche méi Energie an der Hierstellung

2. se si guer net kompostéierbar (an enger Kompostéieranlag, doheem ass dat natierlech eng aner Saach!)

Deen arme Client dee gemengt huet hien hätt eppes Guddes fir d’Ëmwelt gemaach, ass net nëmmen eng Kéier, mee direkt zwee Mol iwwer den Dësch gezu ginn an huet dofir nach extra vill bezuelt. 

Sech opreege ka jiddereen...

… mee wou ass deng Léisung? Et ass u sech ganz einfach. An dëst gelt net nëmme fir Kaffi mee fir all Produit dat mir konsuméieren. Wat manner Verpackung ufält wat besser. Kaffi a mini Verpackunge vu 14 – 16 Gramm ze verpaken ass a bleift eng immens domm Iddie, vun engem ekologesche Standpunkt aus. Vun engem ekonomesche Standpunkt aus mécht et bestëmmt Sënn mee dorëms geet et hei net. 

Also hei mäin Opruff! Klamm em! Wanns du nach ëmmer Kaffi aus Kapselen drénks an dat mat dengem Gewëssen ausmaache kanns, da bleif dobäi. Mee wanns du scho mol heiansdo doru gezweiwelt hues dann ass elo de Moment. 

Puch déi elle Maschinn ewech (op de Recyclingszenter am Beschten, soss huet Asien näischt méi dovun) a kaf dir eng bëlleg Filtermaschinn oder sief fancy a kaf der ee Vollautomat! Haaptsaach du mëss manner Knascht!

Déng Meenung ass gefrot!

Wëlls du eppes zu dësem Thema soen? Wëlls du mir de Géigendeel beweisen oder bass de averstanen? Ziel mir et hei ënnen an de Kommentaren! Ech freeë mech drop!

10 thoughts on “Ee Plädoyer géint Kapselkaffi!

  1. Ed ged eng meiglechkeet gude Kaffi ouni Stroum ze man. Dat as en Tube wou e klenge ronne Filterpabeier eran kend an de gemuelene Kaffi, an dann dreckt een en anneren Tube mat engem Gummikaap dodrop derdurch an schons hued een eng lecker Tass Kaffi .

    1. Moie Chantal 🙂 Jopp dat ass d’Aeropress 🙂 Déi hunn ech och domat mécht ee wierklech gudde Kaffi an dann gëtt et natierlech och all déi aner Handfilteren (Melitta, Chemex an Hario). Mee et brauch een awer och do Energie fir d’Waasser waarm ze maan 😉 Mee jo hues Recht ech fannen déi Methoden op allefall all besser ewéi Kapselmaschinnen oder Vollautomaten.
      Merci fir däi Kommentar 🙂

  2. Merci fir de gudden Artikel. Ech drenken Senseo. Virdeel fir mech, well et eben eng Tass as, bei Maschinenat Filtertutten get oft vill zevill Kaffi gemach an henno dann ausgeschott.

    Me am Fong wollt ech mech äusseren zu dem Deel Hierstellung vun enger Kapsel. Villen Leit as dat esou net bewoost, denken wann se Kapsel korrekt entsourgen, domadder an der Reih sin. Et misst vill mi drob hingewissen gin, wi Artikelen hiergestallt gin. Dat kenne mer jo och vun den Elektroautoen.

    1. Moie Rene 🙂
      Villmools Merci fir däi Kommentar 🙂 Genau déi meescht Konsumenten denken net wäit genuch a vergiessen den Energieopwand vun de Produktiounen. A wéis du scho richteg sees ass dat och de Fall bei Elektroautoen, déi een immens laang benotze misst, fir dass den ekologesch Impakt vun der Produktioun ausgeglach ass.
      Merci nach eng Kéier fir däi Kommentar a fir däi Luef!

  3. Gudd as dei Opklärung zu den net wirklech komposteierbaren Alternativen, mee den Link zur FAZ geht net mei. Nach eppes wat ze denken sollt gin as dei kleng Dosis Aluminium dei een mat all Kaffi zou sech hellt an dei och net onbedingt gesond soll sin. Den Dilemma as awer, dat et vir mein Gout keen gudde Filterkaffi get, wen dei Britt gaer huet as vleit mei fein eraus, mir schmacht se net. E gudde Kaffi kennt aus der Barristamaschin an den Nespresso ass verdammt no drun, an zumindest keint den Alu recycelt gin wann d Leit dann geifen matspillen. Dat een dann dofir de Gramm Kaffi mei deier bezillt as och jidderengem sein perseinleche choix. Mee enner dem Strech geht et am Arkikel jo em den Energie Opwand, an do steht d Barristamaschin natirlech eischter schlecht do, 1 oder 2kW an mat standy ass do net fill well d’opwirmen dauert zelang, also bleiwt se un. Dotescht as nach den Vollautomat, Den geht zweschendurch schlofen an wirmt sech rem mei schnell op (wann en dann richteg agestallt ass) mee och den Kaffi schmacht oft net immens an d Wartung vun den Geräter as recht opwenneg an get dofir mescht net gemach, ganz vill Leit geifen keen Kaffi mei drenken wann se hier Maschin no 1 oder 2 Joer emol geifen vun bannen gesin.

    1. Moien Alain 🙂
      Merci dass du mir sos, dass de Link net méi geet do war iergendeng schif gelaf an ech hunn dee verbessert.
      Ech ginn dir Recht, dass en Espresso eppes anescht ass wéi Filterkaffi, an dat ass selbstverständlech eng Affaire de Goût wat ee léiwer huet. Ech hunn awer och e puer méiglech Alternative fir dech, fir Espresso ze drénken ouni Asaz vun Elektresch (ausser d’Opwierme vum Waasser op der Kachplack oder am Waasserkocher). Déi éischt ass déi bëllegst Variant, mee dofir och déi mat deem am mannste gudde Resultat. D’Aeropress mat engem Opsaz deen Prismo (vu Fellow).
      Déi 2. an 3. Optioun sinn maachen ee besser Resultat sinn ebe just ee gutt Stéck méi deier. All des Geräter benotze Kierperkraaft fir Drock opzebauen. Hei ee Video déi den ROK an d’Flair mateneen vergläicht 🙂
      Villäicht ass jo hei eppes fir dech dobäi 🙂
      Wat d’Vollautomaten ugeet, do ginn ech dir komplett Recht. Ech si kee Frënd dovun a wäert et och net ginn 🙂 Du hues d’Problemer gutt zesummegefaasst 😉
      Villmools Merci Alain, dass du dir d’Zäit geholl hues hei ze kommentéieren, an ech hoffen, dass meng Léisungsvirschléi eventuell hëllefen dech vun der Nespresso Maschinn fortzekréien 😉

  4. Moien Patrice,
    Wat se awer net “Höllemaschinen” erfannen just fir Kaffi ze machen 😉 dei 2 do hat ech na net gesin, mee praktesch as anescht, a wen well dat schon emmer alles spullen? An 1 Problem ass hinnen all gemeng, du brauchs en Wasserkocher an dat erget gleich epuer nei Problemer (dei een iwergens och beim Filterkaffi kann hun) Zum engen sin dei Denger haut mescht aus Plastik, an Den wellen mer den jo och vermeiden, zum aneren, dirf een dat Wasser wat een doran warm gemach huet net richen, well soss vergeht engem den Appetit(zumols bei neien Geräter an ech schwetzen lo net vun billigst aus China, et war schon en Markengerät. Wat do dat warmt Wasser alles aus dem Kunstsoff leist, dat welle mer am beschten guernet wessen 😉 ) An dann mecht een domat emmer zevill Wasser warm, wann een es manner dran mecht verkalleken se enplus nach mei seier… Oder et mecht een sein Wasser op der Plaque oder um Gaz warm… En Deppen opsetzen just fir 1 Kaffi… do schleit dann rem d Bequemlechkeet zou…, ganz ofgesin vum schlechten Wirkungsgrad.

    Awer dann bleift nach eng Methode wous de net ernimmt hues. De klasseschen Expressokocher. Mat dem passende Kaffi kennt do och en richteg gudden Espresso eraus. Den Hoken as just, dat een muss en Gaz hun well se op dem haut gängegen Ceranfelder net wirklech ze gebrauchen sin oder et dauert mei laang an vill Hetzt geht verluer. Niewt denen klasseschen aus Alu wei meng Bomi se schon hat, get et Der lo och aus Inox(dat leist den Alu-Problem) An ech hun lo op A… och elektrescher entdeckt, mee allerdings na net probeiert. Dat keint dei ideal Leisung sin, kee Plastik, keen Alu, als Ofall just dat benetzen Kaffimiel, ruckzuck gebotzt 1x mat kloer Wasser ofspullen geht duer, an Energie get just verbraucht den Ament wou de Kaffi gemach get an et erhetzt een net mei Wasser wei es gebraucht get…

    1. Hello 🙂
      Jop ass scho verréckt wat et alles gëtt 😉 Perséinlech benotzen ech kee Waasserkocher ech hun een Hario Kettle deen ech op der Plaque waarm maachen 😉 Mam ze vill Waasser maachen do huet ee jo och d’Optioun d’Waasser oofzeweien a genau esou vill Waasser ze notze wéi ee brauch.
      D’Bialetti (also d’Cafitière italienne) hat ech net vergiess ech hat just gemengt, dass de déi kenns an dass dat dir net genuch Espresso méisseg ass 😉 Ech hunn esou eng déi elektresch ass an déi sinn effektiv tiptop 🙂
      Nach eng Recommandatioun fir bessere Kaffi ze maachen, kaf dir eng Mille fir d’Boune frësch ze muelen. De Kaffi ass doduerch méi frësch an de Muelgrad ass eng vun deene wichtegste Variabele beim Kaffi maachen 🙂
      Ech hunn dozou een Artikel hei um Blog geschriwwen 🙂
      Ass richteg flott mat dir hei ze schreiwen a freet mech dass de dech fir eng Alternativ ëmkucks 🙂
      Pat

  5. Nodem mir méng Chemex gebrach ass, fëllen ech en eidelen klengen Papeiers Teebeutel mat Frësch gemuelenem Espresso oder fair trade Kaffisbounen, setzen de Filter an en Inox Téiopsaatz, a lehnen en no vier. Kachend Waasser gët 20 sek stoe gelooss an dann benetzt, an da 5 sek gewaart dass d’Bloosen dat battert aus dem Kaffi befreien. No 10 mol noschëdden huet een 20 cl Kaffi, schwaarz. Et geet duer eng 2t Taass ze fëllen, wou den Inoxopsaatz an der Taass a Kontakt mam Resultat vum Kaffi et fäerdeg bréngt dass och déi 2t Taass nach net verwässert ass. Mäin italienesche Kolleg kritt direkt no 5cl séng piccolinos Taass gefëllt an hien als Espresso Genéisser fënnt mäi Kaffi gelongen, net wéi aus enger schwäizer Maschinn, mais gaz ok.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.