Nicaragua – Cynthia W. La Rue – Finca La Plata

9.0029.00 inkl. MwSt.

Dëse Kaffi aus Cerro del Diablo, Jinotega, Nicaragua huet eng ganz besonnesch Geschicht. D’Finca La Plata gëtt vum Cynthia La Rue gefouert.

D’Cynthia ass op dëser Farm opgewuess mee huet mat 12 missen de Nicaragua verloosse wéinst dem Biergerkrich. Zesumme mat senge Geschwëster ass hat an Amerika geflücht.

Viru ronn 10 Joer konnt hat endlech zeréck an den Nicaragua goen an huet op deem Land, dat hat vu sengem Papp geierft huet rëm ugefaange Kaffi unzebauen. 

Fir d’Cynthia La Rue war dat wichtegst gutt Qualitéit a gutt Arbechtsemstänn fir seng Ugestallter. Dofir gëtt et fir seng Ugestallter eng Crèche fir d’Kanner a mat déi bescht Ënnerbréngunge fir d’Aarbechter.

Hat probéiert seng Farm och méi zirkulär ze maachen. Dat heescht Offallproduiten aus dem Kaffiubau erëm ze benotzen. Ee Beispill dofir ass de Methan dee wärend dem Wäsche vum Kaffi bei der Fermentatioun entsteet. Hat fänkt dëse Methan op fir domat kennen ze kachen. 

  • Finca: La Plata
  • Besetzer: Cynthia W. La Rue
  • Ugebaut zu: Cerro del Diablo, Jinotega, Nicaragua
  • Altitude: 1350m
  • Goûten: Bluttorangen, Mandel, Noss
  • Varietéit: Caturra, Catuaí, Bourbon
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi ass vum Patrice Sadler geréischtert zu Pont-a-Mousson an der Réischterei:

Café Loren

89 Chemin Montrichard

54700 Pont-à-Mousson

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Nicaragua – Cynthia W. La Rue – Finca La Plata”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.