Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€9.50 – €31.00 inkl. MwSt.
D’Gloria ass ee richtege Sonneschäin, wann hat an de Raum erakënnt a laacht, muss een einfach mat laachen!
Kennegeléiert hunn ech d’Gloria zu Mailand um Producer Crossover, dee vu mengem Importateur all 2 Joer organiséiert gëtt. Beim Producer Crossover, treffe Kaffiproduzent*innen, Réischter*innen an aner Kaffisakteur*innen aus der ganzer Welt sech a probéiere Problemer déi mir an der Kaffiindustrie hunn zesummen ze léisen, respektiv Usätz ze fanne fir se an Zukunft ze léisen.
Kenianesche Kaffi ass ee schwieregt Thema, well et ee vun deenen deierste Kaffilänner ass awer de Gros vun deem Geld geet un een immens korrupte staatlechen Auktiounssystem an d’Produzent*innen gesi vun deem ville Geld quasi guer näischt.
D’Gloria besëtzt eng Export Lizenz an erméiglecht esou den direkten Handel mat Réischterer fir säin eegene Kaffi an och de Kaffi vu 5 weidere Kaffifarmen, déi vu Frae geleet ginn. Mat dëser Lizenz ass et méiglech d’Auktiounen an d’Tëschenhändler komplett ze ëmgoen a méi Geld vum produzéierte Kaffi ze kréien.
Zesumme mat sengem finnesche Mann dem Jarmo, bedreift d’Gloria eng immens ëmweltfrëndlech Kaffifarm. Si benotzen de Prinzip vun der Permakultur a bedreiwen hir Mille komplett mat Solarenergie. Nieft Kaffi bauen si och nach Macadamianoss an Avocado un an hale Kéi, Geessen a Schof. Gedüngt a gesprëtzt gëtt just natierlech mat Déierekot an dem “Téi” aus Wuermfarmen.
De Kaffi ass “Natierlech”, dat heescht e gëtt an der Fruucht gedréchent, ier d’Fruucht erofgeholl gëtt. Doduerch hellt d’Boun d’Goûte vun der Kaffisfruucht op. D’Resultat ass dësen exzellente fruuchtege Kaffi mat Goûte vun Äerdbier, Orange a Mëllechschockela. Kenianesche Kaffi ass immens duuss.
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Boun/gemuel | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.